E Wuert vum President

Häerzlech Wëllkomm um Internetsite vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Péiteng.

Eise Veräin setzt sech zënter 2004 fir d'Erhale vun der lokaler Geschicht an.

Dozou gehéieren all méiglech Themen: Industrie, Eisebunn, Commerce, Sport, Veräiner aus den dräi Uertschaften Péiteng, Rolleng a Rodange.

Awer och déi méi al Geschicht z.b. den Tëtelbierg am Altertum oder d'Herrscherhaiser aus dem Mëttelalter komme bei eis net ze kuerz.

D'Geschicht vun engem Land ass wichteg, si weist eis wou mir hierkommen, a wat eis Virfueren viru Joerhonnerten erlieft hunn. Déi lokal Geschicht vun enger Régioun, engem Duerf oder enger Gemeng bleift dobäi leider oft op der Streck, wat Schued ass, zemools wann et sech ëm eng Gemeng handelt déi vill zur Geschicht vun engem Land an de vergaangenen 150 Joer bäigedroen huet.

D'Haaptaufgab vun de Péitenger Geschichtsfrënn war an ass "rechercher, collectionner, archiver, regrouper et cataloguer tout élément, objet ou publication relative à l'histoire de la commune de Pétange."

A fir dass mir déi Mémoire Collective erhale kënnen, brauche mir och äer Ënnerstëtzung. Mir soen iech fir all historeschen Don Merci.

Yannick Glod

President