Grënnungsdaten

  • Gegrënnt gouf de Veräin den 29. Mäerz 2004.
  • Eis Statuten goufen den 19. Abrëll 2004 obgestallt an e provisoresche Verwaltungsrot gouf genannt.
  • Den 10. Mee 2004 sinn eis Statuten am Enregistrement agedroe ginn, de 17. Mee sinn se op der Gemeng ugeholl ginn, an eise Veräin as op d'Subsidelëscht gesat ginn.
  • Den 28. Juni 2004 ass den definitive Verwaltungsrot bestëmmt ginn.
  • Den 7. August 2004 hu mir Raimlechkeete vun der Gemeng zur Verfügung gestallt kritt.
  • De 17. Januar 2005 hu mir mat der Gemeng eng Konventioun iwwert d'Zesummenaarbecht ënnerschriwwen.
  • Den 20. Januar 2006 war eis éischt Generalversammlung.