Am Kader vun der Expo” Between Shade&Darkness” iwwert Schicksal vun de Lëtzebuerger Judden am zweete Weltkrich, vum 22ten bis den 29ten Abrëll zu Péiteng „A Rousen,“ goufen et och zwou interessant Konferenzen.
Den Henri Juda Grënnung s President vun der MemoShoah huet dem Public seng beweegt Famillje Geschicht erzielt, an déi zwee Historiker vum Escher Resistenz Musée,
Jérôme Courtoy an Dan Thilman goungen op Schicksal vun den anere Minoritéiten an.