E Wuert vum President
Härzlech Wëllkomm um Internetsite vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Péiteng.
Eise Veräin setzt sech zënter 2004 fir d’Erhale vun der lokaler Geschicht an. Dozou gehéieren all méiglech Themen: Industrie, Eisebunn, Commerce, Sport, Veräiner aus den dräi Uertschaften Péiteng, Rolleng a Rodange. Awer och déi méi al Geschicht z.b. den Tëtelbierg am Altertum oder d’Herrscherhaiser aus dem Mëttelalter komme bei eis net ze kuerz.
D’Geschicht vun engem Land ass wichteg, si weist eis wou mir hierkommen, a wat eis Virfueren viru Joerhonnerten erlieft hunn. Déi lokal Geschicht vun enger Régioun, engem Duerf oder enger Gemeng bleift dobäi leider oft op der Streck, wat Schued ass, zemools wann et sech ëm eng Gemeng handelt déi vill zur Geschicht vun engem Land an de vergaangenen 150 Joer bäigedroen huet.
Mir hunn eis haut als grousst Ziel gesat, fir Jonk Leit un der Lokal Geschicht ze begeeschteren, fir dass dëse flotte Veräin och an den nächsten 30 Joren eng Zukunft huet.
Merci fir all Ënnerstëtzung
Guy Kummer
President
l