No laange Recherchen, huet de Kleins René säin neit Buch den Geschichtsfuerscher No. 9 publizéiert.
Dëst neit Buch vun de Geschichtsfrënn aus der Gemeng Péiteng, ass en absolutte “must” fir all Geschichtsintresséierten.
Gemeng Péiteng, seng Originnen, seng Limitten, an seng Gemenge Responsabel, op 220 Säiten, kann ofgeholl ginn um Siège vun den Geschichtsfrënn op der Nummer 1 A, Avenue de la Gare zu Lamadelaine, an dat all Freides Nomëttes vun 15h00-18h00. De Präis vum Buch ass 25€ a kann iwwerwise ginn op den Spuerkeess Kont vum Veräin LU26 0019 5655 0734 8000
Sollt dir Buch wëllen Heem geschéckt kréien, kommen 5€ Supplement dobäi.
Fir all Bestellung iwwert Telefon um 691 50 60 34, oder iwwert E-Mail geschichtsfrenn[at]petange.lu
Maison d’édition:
Les Amis de l’Histoire de la Commune de Pétange “An der Uecht”, Lamadelaine
Imprimerie Heintz – 15, rue Robert Krieps – L-4702 Pétange