Ween sinn mir?

Et ass eis Aufgab all Dokumenter, Videoen, Pläng, Postkaarten, Fotoen an Objeten, déi e Bezuch op d’Gemeng Péiteng hunn, ze sammelen, ze archivéieren an de Bierger zougänglech ze maachen.

E Wuert vum President

Härzlech Wëllkomm um Internetsite vun de Geschichtsfrënn aus der Gemeng Péiteng.

Eise Veräin setzt sech zënter 2004 fir d’Erhale vun der lokaler Geschicht an. Dozou gehéieren all méiglech Themen: Industrie, Eisebunn, Commerce, Sport, Veräiner aus den dräi Uertschaften Péiteng, Rolleng a Rodange. Awer och déi méi al Geschicht z.b. den Tëtelbierg am Altertum oder d’Herrscherhaiser aus dem Mëttelalter komme bei eis net ze kuerz.

D’Geschicht vun engem Land ass wichteg, si weist eis wou mir hierkommen, a wat eis Virfueren viru Joerhonnerten erlieft hunn. Déi lokal Geschicht vun enger Régioun, engem Duerf oder enger Gemeng bleift dobäi leider oft op der Streck, wat Schued ass, zemools wann et sech ëm eng Gemeng handelt déi vill zur Geschicht vun engem Land an de vergaangenen 150 Joer bäigedroen huet.

Mir hunn eis haut als grousst Ziel gesat, fir Jonk Leit un der Lokal Geschicht ze begeeschteren, fir dass dëse flotte Veräin och an den nächsten 30 Joren eng Zukunft huet.

Merci fir all Ënnerstëtzung!

Guy Kummer

President

Grënnungsdaten

• Eisen Veräin gouf den 29. Mäerz 2004 gegrënnt.

• Eis Statute goufen den 19. Abrëll 2004 opgestallt an e provisoresche Verwaltungsrot gouf genannt.

• Den 10. Mee 2004 sinn eis Statuten am Enregistrement agedroe ginn, de 17. Mee sinn se op der Gemeng ugeholl ginn, an eise Veräin ass op d’Subsidelëscht gesat ginn.

• Den 28. Juni 2004 ass den definitive Verwaltungsrot bestëmmt ginn.

• Den 7. August 2004 hu mir Raimlechkeete vun der Gemeng zur Verfügung gestallt kritt.

• Den 17. Januar 2005 hu mir mat der Gemeng eng Konventioun iwwert d’Zesummenaarbecht ënnerschriwwen.

• Den 20. Januar 2006 war eis éischt Generalversammlung.

De Verwaltungsrot

President:

Guy Kummer

Vice-Presidenten:

Jean-Marie Halsdorf (Représentant de la Commune), Arnold Martin

Sekräterin:

Eliane Polfer

Trésorière:

Eliane Jaeger

Memberen:

Bour Roger, Klein René, Collette Josy, Stoffel Marco, Reder Robert, Goedert Marco, Heiderscheid Liv

Keesse-Revisoren:

Roger Feitler, Cécile Ludewig-Zambon, Armand Thimmesch

Bureaux

1A, Avenue de la Gare

L-4873 Lamadelaine

Post & Bank

1A Avenue de la Gare, L-4873 Lamadelaine

Banque: BCEE LU26 0019 5655 0734 8000

Kontakt

GSM: +352 691 506 034

E-Mail: [email protected]

Made with ❤️ by Toujou Studios